The Humble Bundle

Gamer ënnert ons, et gëtt Zeit eppes guddes ze maachen. An et war selten sou einfach an virun allem esou lounend wei des kéier. Nach bis den 9. August kennt der iech den Humble Bundle Games Pack zouleeën. Dat ass eng Sammlung vun Indie-Games, also nix Call of Duty an Halo, dat hei sin kleng, onofhängeg Entwéckler dei net nëmmen wéinst dem Geld Spiller programméieren.

An deen Pack kennt der iech zouleeën fir ………. deen Preis wous du selwer wëlls! Vun 1€ bis 5000€ oder nach mei, an du kanns souguer wielen wien weivill Prozent dovunner kritt (Entwéckler, Hëllefsorganisatioun, …) an wanns de mei wei den momentanen Duerchschnëttspräis bezils (+/- 5€) kritt een souguer den Humble Bundle 2 nach mat dobäi, an den riesen Indie Hit Minecraft kann een souwisou bis den 14. August gratis spillen.

Alles leeft iwwer Paypal, AmazonPayments oder GoogleCheckout of an all Spiller sin fir PC, MAC an Linux verfügbar an kennen ouni Kopeierschutz einfach gedownload ginn, anzwar sou oft een well (och iwwer Steam).

Ech fannen dat eng super Idee, an ech fannen all Gamer ënnert ons keinnt vun deem ganzen Geld wat en dofir ausgëtt och emol engkeier eppes guddes domadder maachen 🙂

Link: The Humble Bundle

6,401 Kommentare Add yours

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


*