Serge Tonnar & Legotrip

Serge Tonnar: Gitar, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Mandoline, Gitar, Gesang
Rom Christnach: Bass, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei

De “Lidderhaanes” Serge Tonnar schafft am Moment un “Klasseklon”, senger drëtter Scheiw mat Lidder op Lëtzebuergesch, dës Kéier awer net am Alleingang, mee mat senge Kollege vun der Musekskappell “Legotrip”. Musekalesch bewegt sech desen Trip tëscht Chanson, Folk a Rock, d’Texter, all op Lëtzebuergesch, sinn heinsdo kritesch, heinsdo nostalgesch, meeschtens ironesch an ëmmer éierlech.
De Klasseklon, dat ass deen, deen ëmmer hannen an der Klass souz, deen, deen ëmmer déi beschte Witzen drop haat, awer och deen, deen net mat Kritik gespuert huet an dofir och méih oft wéi déi aner Kanner an der Retenue souz : ” Well de Klon ass och Rebell, bréngt och Noriichten aus der Hell, an dann denken d’Leit ganz schnell, dee wär dach besser an der Zell ”.
No “Legotrip” (2003) an “Pärele bei d’Sei” (2008) bleiwt de Serge och mat “Klasseklon” sengem Universum trei, an d’Texter an der Mammesprooch kommen ongefiltert eriwwer, mol wéi d’Faauscht op d’A, mol wéi e Kussi op d’Stir. Hei geet et em d’Schiedsäite vum Liewen an enger Zort “Disnéiland”, em emotionell Akkzidenter déi geraumt ginn, em d’Verschwanne vun de Bopebistroen, grad wéi em d’Identitéit vum Kënschtler an enger Gesellschaft déi ëmmer méih vu sech selwer ageholl ass. Awer keng Angscht, de moraleschen Zeigefanger bleiwt do wou en higehéiert, op d’Gitar, an déi éischte Case op der Si-Säit bei engem La mineur Akkord. A wann emol e Fanger gezéckt gëtt, dann ass et de Mëttelfanger. Weider informatiounen fannt der op www.tonnar.lu an www.legotrip.lu

Een eischten Titel fannt der op myspace an itunes deen sech mat den Krassen Spuermoossnahmen an der Chamber auserneesetzt “Crémant an der Chamber”:

Fir déi Aarm wéi fir déi Räich
‘T ass finito mam Schampëss aus Frankräich
‘T gëtt just nach Crémant an der Chamber
Mee Gott sei Dank sinn ech do net Member

Text Serge Tonnar & Legotrip

359 Kommentare Add yours

  1. Thanks for this great post, I’m glad I found this website on yahoo and google.

  2. You seem to be very professional in the way you write.

  3. Excellent post, I think some other site owners should learn a lot from
    this website its really user-friendly as well as contains fantastic articles.

  4. Myron says:

    I truly got into this article. I found it to be
    interesting and also packed with special points of view.
    I wish to read material that makes me think.
    Many thanks for writing this great content.

  5. cheappsychic says:

    I really love your weblog and find a lot of your post’s to be exactly what I’m
    interested in.

  6. Thanks for posting extremely good informations.

    Your web-site is extremely cool. I’m pleased by the details that you simply have on this
    web site. It shows how nicely someone perceives this subject.

    Bookmarked this web page, will keep coming back for extra posts.
    You, my pal, ROCK!

  7. Delighted to be among the visitors on this awe inspiring web site : D.

  8. A blog like yours ought to be earning a lot of money from adsense.

  9. Keep all the articles coming. I love reading your posts. Regards.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


*